Aktualitéit

Mario Mutsch
Fussball

De Mario Mutsch gëtt bei der FLF haaptverantwortlechen Trainer vun der U12 a Co-Trainer vun der U14. Nom 101. Lännermatch huet de Rekordnationalspiller e Schlussstréch ënner seng Carrière gezunn.

Wahlziedel
Studialux

An der Studialux Etüd vun der Uni Lëtzebuerg gouf gefrot, wéi eng Themen de Wieler bei de Chamberwahlen zejoert wichteg waren. Et fält op, datt d'Äntwerte vun de Befroten net ëmmer kohärent sinn.

Ee Supercomputer
High Performance Computer

Lëtzebuerg krut den Zouschlag fir ee vun aacht HPCen (High Performance Computer), déi uechter Europa wäerte gebaut ginn, bei sech z'installéieren. E soll op Biissen an den Datazenter vu Lux-Connect kommen.

Kultur

Pavese.JPG
Een Thema, e Buch

Dem Italiener Cesare Pavese säi leschte Roman "La Luna e i falò" (De Mound an d'Feieren) aus dem Joer 1950 ass eng Reflexioun iwwer Heemecht, Exil, Erënnerungen an Desillusiounen.

Milla Trausch
Fundamental Monodrama Festival

"Dementia, you sock" ass en Erzielnomëtteg am Kader vum Fundamental Monodrama Festival, e Spektakel vun der Milla Trausch. En Erliefnis, wat d'Nathalie Bender markéiert huet.

Musek

Bill Callahan
Bill Callahan - Shephard In A Sheepskin Vest

De Bill Callahan ass de Mann mat der onverkennbar dezenter Stëmm. Hien huet sech leschte Freide mat sengem Album "Shephard In A Sheepskin Vest" zeréckgemellt. Eisen Album vun der Woch.

Grateful Dead
Grateful Dead - Aoxomoxoa

De "Grateful Dead" hiren drëtten Album "Aoxomoxoa" feiert dëse Mount 50 Joer. Déi psychedelesch Gigante vu Palo Alto sprengen op dësem d'Konventioune vu Country a Rock. Eisen Déjà-Vu Album vun der Woch.

Wëssen

Péng
Café Scientifique

Wat sinn d'Facteuren, déi e Wéi manner schlëmm maachen oder wéi en Afloss huet den Alter op d'Receptioun vun der Péng? D'Fuerscherin Marian Van der Meulen beschäftegt sech genau mat dëse Froen.

Marc Thiel
Urban Flächen

De Gemengesyndikat SIAS an hir biologesch Statioun huet virun zwee Joer e Projet lancéiert, bei deem urban Flächen ekologesch opgewäert ginn. Dat ënner anerem duerch Fauchage tardif oder Blummewisen.

Rapperklass
"Die Rapper-Helden Klasse"

De Cycle 3.1. aus der "Schoul am Duerf" zu Beetebuerg huet zesumme mam David Galassi vun "de Läb" e Lidd iwwer d'Aarmut produzéiert. D'Tessy Steffen Koenig war an d'Klass luussen.

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Festival de Cannes 2019

    Alleguer d'Artikele vum Festival de Cannes 2019.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen